Sat 13 Apr 2024 - 19:30

Rock

MOOFEST 2024

Practical Info

Venue: Rockhal Club
Promoter: Rocklab

Doors: 19:00
MOOFEST 2024: 19:30

About

LU

EwĂ©i all Joer invitĂ©iert d’MooFest erĂ«m op en Owend gefĂ«llt mat Bands vun heiheem, Bands, dĂ©i iwwert d’Heiheem an d’Mateneen an der Landessprooch sangen. DobĂ€i gĂ«tt vill WĂ€ert op en diversen an ofwiesslungsrĂ€iche Programm geluecht, dee schlussendlech och enger gudder Saach zugonschten ass. Och dĂ«s KĂ©ier ginn all d’Recetten a Gagen der Fondation Thierry van Werveke gespent, dĂ©i sech Ă€nlech dem Moofest fir e Mateneen, fir en Austausch a fir de Support vun jonker Konscht a Musek an eng kulturell DiversitĂ©it asetzt.

Kuckt iech hei de Line-Up un. DemnÀchst wÀert nach eng weider Band annoncéiert ginn!

EN

MooFest is calling for another edition of its festival offering a diverse line-up of artists and bands from Luxembourg and beyond. Like each year, the festival has a good cause at heart. By donating all entrance and artist fees to the Fondation Thierry van Werveke, Moofest is continuing its tradition of supporting those who encourage young art and music, mutual exchange and cultural diversity.

Line up

19:30 FRESHDAX
20:15 DËPPEGÉISSER
21:00 Der DĂ€iwel
21:45 MooF
23:00 ToxkÀpp

FRESHDAX

QualitĂ©its-Hip-Hop mat dem engen oder aneren Twist – zĂ«nter 2012. No den Alben “Ziel Mir Net DĂ€i Liewen” an “Alles Beim Alen, Alen” an der digitaler EP “Fragil MĂ€nnlechkeet” melle sech FRESHDAX, de Julien an de Jacques, mat hirer 4. Release zerĂ©ck. Si hĂ€tten dat jo och 2022 kĂ«nne maachen a soumat dĂ©i 10 Joer Bandexistenz feieren. Mee nujee. Si sinn elo zerĂ©ck mat 12 neien Tracks dĂ©i grĂ©isstendeels dohi gi wou et wĂ©i deet, op WeeĂ«r dĂ©i wĂ©ineg befuer ginn, mat battersĂ©issem Narrativ. Fir dĂ©i eng wĂ€ert et keen Hip-Hop sinn, dĂ©i aner wĂ€erten erĂ«m getriggert sinn, mee villĂ€icht ginn et der jo och e puer dĂ©i einfach nĂ«mme matgrooven. Domat wier d’Zil erreecht. FRESHDAX. D’Kanner vum Groove. Komm fir ze bleiwen.

DËPPEGÉISSER

SĂ€it 2005 probĂ©ieren dĂ©i zwee Bridder Luc a Misch GUILLAUME (Gesank, Gittar) mat Musek, Witz a Charme hire Public ze Ă«nnerhalen. Begleet gin dĂ©i zwee vum Laurent PETERS (Bass) a Bob LEICK (Tromm) an Ă«mmer mĂ©i oft vum Ben CLAUS oder Eric FALCHERO um Panz-Piano an och emol vum Orchester „d’DĂ«ppeblĂ©iser“. Comedy-Folk. Si jonglĂ©iere mat KlischeeĂ«n an Anekdoten aus dem alldeegleche Liewen, mĂ€ huelen sech selwer dobĂ€i net all ze eescht. A wat gesĂ€is du wann s de an de Spigel kucks? 😉

Der DĂ€iwel

Et gouf héich ZÀit. No Fluyd an dem Midlife Chris huet et ferm gebrodelt am Jeff Seyler senger kreativer Kichen. Et
war e Verlaangen no knaschtegen Crossover Gittaren aus den 90er awer och no Old School Rap aus den Enn 80er Joren. Et war eng Gloscht op d’ExperimentĂ©ieren mat der Uregkeet vun eiser Sprooch. DĂ©i al Wuerzelen hunn erĂ«m gekribbelt. D’Nostalgie huet gekĂ«ddelt. DĂ©i nĂ©i Welt mat hiren Konflikter huet desillusionĂ©iert. Aus dĂ€r MĂ«schung ass dunn de Solo Projet der DĂ€iwel entstanen. Eng musikalesch Rebellioun gĂ©int dĂ©i nei Plastikidoler dĂ©i eis alleguer wĂ©i dat gĂ«llent Kallef an de Bann zĂ©ien an doduerch verhĂ«nneren dat sech eppes Ă€nnert. An obwuel dĂ©i Wandmillengeschicht schon en alen Hutt ass, gouf et mol rem hĂ©ich ZĂ€it fir op en Iesel ze klammen. D’Resultat vun dĂ«ser persĂ©inlecher Rees ass en musikaleschen Potpourri aus Rock, Hip Hop an Rap ‘n’ Roll. ËnnerstĂ«tzt vum Tobias Ackels op der Batterie, dem Achim Ziwes an dem Gilles Loes un den SĂ€iteninstrumenter zitt der DĂ€iwel elo als Infernalescht Quartett live duerch d’LĂ€ndchen.

ToxkÀpp

1995 gegrĂ«nnt huet di LĂ«tzebuerger “Two-Tone-Ska-PionnĂ©ier-Band” ToxkĂ€pp! als Ă©ischt emol als Punk Band ugefaang, mat bĂ«ssegen, sozial-kriteschen Texter zu hierer haarder Punk-MusĂ©k. Vun Ufank uns waren der Grupp hier Texter genee sou wichteg wĂ©i d’MusĂ©k selwer. Et war hinne wichteg, Ă« kriteschen, sozialen a politesch orientĂ©ierten Commentaire zu der ActualitĂ©it ofzeginn, natierlech mat enger gudder Portioun sarkasteschem Humor dobĂ€i. Hiere Sound huet sech sĂ©ier entwĂ©ckelt zu engem “Two-Tone”-inspirĂ©ierten Ska, wat dĂ«ss MĂ«schung vu bĂ«ssegen Texter elo mat danzbarer MusĂ©k a vill Rhythmus Ă«nnerluecht huet fir Ă« richteg fette Gesamt-Sound z’erginn. Hautdesdags sinn d’ToxkĂ€pp zu 8 Leit op der BĂŒhn a sie spillen niewt deenen ale bekannte Klassiker aus der LĂ«tzebuerger Underground-Szeen och verstĂ€erkt neit Material. Elo, fir hir 25 Joer, brĂ©nge si eng nei Plack eraus, mat 5 Klassiker aus hieren Ufangsdeeg, dĂ©i dann zousĂ€tzlech nei verschafft goufen, am aktuelle Sound vum Grupp.

MooF

SÀit 1992 sinn si Headliner vum MooFest, hunn eng fest Platz an der lëtzebuergescher Musekszeen an gehéieren zu deenen éischten déi lëtzebuergesch Texter mat Hardrock kombinéiert hunn. Den Stil bezeechen si als MooFen Rock vun der Long op Zong wou et an den Texter em Gewalt, Rassismus, Drogen, an natierlech och em FrÀiheet, Spaass an Léift geet. Wéi all Joer ruffen MooF Bands aus Lëtzebuerg zesummen fir um MooFest mat ze maachen, wou déi ganz Recetten un Fondation Thierry Van Werveke ginn, an bidden domat en super Line-Up.